01.04.2025
Den Ierger an de Stress vun der leschter Woch si verflunn, Dir kennt Är Suerge fir en Dag vergiessen.
Dir strahlt Zefriddenheet aus a fillt Iech richteg wuel an Ärer Haut. Dat mierken och d'Leit an Ärem Ëmfeld.
Gidd haut léiwer virsiichteg duerch den Dag, et kann duerchaus zu Mëssstänn kommen.
Dir gitt haut mam Kapp duerch d'Mauer wann et muss sinn. Passt op dass Dir domat net anerer iwwerrompelt.
Dir sollt näischt verheemlechen, well et kënnt souwisou iergendwann eng Kéier eraus.
Iech fält et schwéier, fir dat wat Dir fillt a Wierder auszedrécken, sot riicht eraus wat Dir denkt.
Dir musst Iech mol nees Zäit huelen, fir mat engem Mënsch a Rou ze schwätzen deen Iech vill bedeit.
Dir loosst haut Äert Häerz schwätzen a reegelt esou Problemer mat vill Gefill.
Dir gesitt haut alles rosarout, mat Ärem Partner verbréngt Dir dofir e puer schéi Stonnen zesummen.
Dir gitt haut dichteg kritiséiert. Dat mécht Iech awer net wierklech vill aus. Dir wësst wat Dir kënnt.
Dir sidd geeschteg an Toppform a kënnt super Gespréicher féieren.
Et huet haut kee Sënn eppes ze plangen. Sidd spontan a flexibel, da kann näischt schif goen.