"D'Verhale vum Déier deit drop hin, datt et e Wollef ass"
D'Naturverwaltung hat dës Woch matgedeelt, dass am Oste vum Land d'Presenz vun engem Wollef eendeiteg nogewise gouf. RTL huet de Video exklusiv kritt.
An dat vun der Persoun, déi de Wollef virun d'Kamera krut. D'Persoun wollt anonym bleiwen an och net déi genee Plaz matdeelen, wou d'Opname gemaach goufen.
Op Nofro huet d'Naturverwaltung confirméiert, datt et sech beim Video ëm deen handelt, deen ee krut an op deen ee sech am Communiqué géif beruffen.
De Video hätt d'Naturverwaltung e puer Mol analyséiert. "D'Verhale vum Déier deit drop hin, datt et e Wollef ass, ausserdeem huet en och déi markant Mierkmoler, déi de Wollef huet", esou d'Marianne Jacobs vun der Naturverwaltung.
Och zwee franséisch Wollefsexperten hätten d'Videomaterial analyséiert a wieren zur nämmlechter Conclusioun komm.
Et sinn déi éischt Videoopnamen, déi d'Naturverwaltung kritt huet, wou een och tatsächlech zur Conclusioun komm wier, datt et e Wollef ass. "Et waren net déi éischt Videoen, déi mir vu Leit kruten, mee do huet sech ëmmer nees erausgestallt, dass et sech ëm Hënn gehandelt huet an net ëm Wëllef", erkläert d'Marianne Jacobs.